Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Frédéric Chopin - Ballade Nr.3 a La bémol Majeur, Op. 47 - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
search

/ Lidderflupp: Lëtzebuerger Vollekslidder

Klassik Aktuell

Lidderflupp: Lëtzebuerger Vollekslidder

Lidderflupp ass de Numm vum neien Album vum Georges Urwald a gläichzäiteg vun engem Kulturprojet fir Mënsche mat Demenz.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

play_arrow

Virun e puer Deeg huet de Georges Urwald zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, der Debbie Marinkovich an dem Ivan Boumans en Album ënnert dem Titel Lidderflupp digital erausbruecht. Lidderflupp ass och den Titel vun engem Projet, deen den Urwald zesumme mat der MIL asbl op d'Bee gesat huet. Op deem Album kann een 10 Medleyen lauschteren, déi sech jeeweils ëm ee Komponist, eng ganz Epoch oder eng bestëmmten Thematik dréinen. D’Marie Trussart huet mam Georges Urwald ënner anerem iwwer d’Volleksmusek zu Lëtzebuerg geschwat, wat se esou besonnesch mécht, an hien huet och verroden, firwat hien esou begeeschtert ass vun eisem Musekspatrimoine.

Lauschterenplay_arrow