Programm:
- Franz Liszt: Réminiscences de Lucia di Lammermoor
- Franz Liszt: Réminiscences de Norma
- Carl Maria von Weber: Konzertstück op. 79 (arr. Franz Liszt)
- Franz Schubert: "Erlkönig" D 328 (arr. Franz Liszt)
- Franz Liszt: Introduction et Polonaise de l'opéra I puritani
- Franz Liszt: Allegro pastorale (Album d'un voyageur)
- Franz Liszt: Grand Galop chromatique
- Franz Liszt: Ungarische Rhapsodie Nr 16
- Franz Liszt: Liebestraum Nr 1
- Franz Liszt: Mélodies polonaises (Glanes de Woronince)
- Franz Liszt: Soirées de Vienne
- Franz Liszt: Soirées musicales de Rossini, S.424 Nr. 9 - La Danza
- Franz Schubert: "Ave Maria" (arr. Franz Liszt)
De radio 100,7 huet dëse Concert aus der Serie Camerata vun de Solistes Européens, Luxembourg, den 2. Oktober 2023 am Kammermusekssall vun der Philahrmonie opgeholl.
En Challenge
Leit am Publikum, déi ausflippen, voll Säll trotz iwwerdeierten Ticketen an e risegen Tam-tam wann hie Stied besicht huet: Esou Geschichten iwwer de Franz Liszt ginn et der vill. Grond war seng legendär Virtuositéit um Piano. An der Héichzäit vu senger Virtuositéit war de Museker och zu Lëtzebuerg. Déi zweete Kéier, datt hien am Land war, war kuerz viru sengem Dout. Béid Kéiere souz hien um Piano an de Programm vu béiden Optrëtter steet am éischte Concert aus der Serie Camerata vun de Solistes Européens, Luxembourg op der Affiche. Lauschtert d'Gespréich mam Jean Muller iwwer dësen Challenge am 100,7-Interview (29.09.2023)
Méi zum Thema
De Franz Liszt ass 1845 déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg opgetrueden, en Evenement, dat keng grouss Tracen hannerlooss huet, dat Jore méi spéit awer vum Guy May opgegraff gouf. Am Kader vun zwou Konferenzen beim Festival Liszt+ am CAPE huet den Historiker am Januar 2023 iwwer den Thema Franz Liszt a Lëtzebuerg geschwat. Lauschtert de passenden Interview aus dem 100,7-Archiv (26.01.2023).