Literaresch Kläng an eng musikalesch Rees duerch d'Säiten. Sons littéraires ass ee Concerts-Projet, bei deem literaresch Wierker musikalesch verschafft ginn. Ma virdru kritt de Publique déi jeeweileg Wierker awer och sur Place virgelies.
D'Iddi fir dëse Concertsowend kënnt vun der jonker Lëtzebuerger Harfenistin Dina Nimax, déi och d'Wierker erausgesicht huet.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann gëtt d'Musekerin een Abléck an d'Ëmsetzung vun de Wierker.
Hei fannt dir dann och den Detail zum Event.