De Charles-Lucien Weber, besser bekannt ënnert dem Numm Loll Weber, war Schrëftsteller a Musekskritiker, an huet iwwer 50 Joer laang d’Museksliewen zu Lëtzebuerg dokumentéiert a kommentéiert. Wéi et dozou koum, erzielt hien an engem Interview vun der Universitéit Lëtzebuerg:
Ma ech [...] war Chef de bureau op der ARBED [a gouf] op der ARBED pensionéiert. An d’Musek war fir mech ëmmer, niewelaanscht. Ech hunn halt meng Musikschoul gemaach, ech hu Gei gespillt, mee haaptsächlech hunn ech vill gelies. Also ech géing soen, d’Musekswëssenschaft huet mech bal mindestens esou staark intresséiert wéi d’Musik un sech.
Do hunn ech ugefaangen hei [...] zu Esch Introduktiounen zu Concerten ze schreiwen, an du beemol huet dat sech esou fonnt, dass ee mech gefrot huet, majo, kanns du dat net anescht maachen, mat Kriticken. An dat hunn ech ugefaang. Am Mee 1959 hunn ech meng éischt Kritik geschriwwen.
Wou d'Luxemburger Wort hie gefrot huet, fir fir si Kriticken ze schreiwen, sinn och Zweifel un den néidege Kompetenzen opkomm. Dofir huet hie sech selbststänneg weidergebilt, andeems hoe vill gelies, Radiossendunge gelauschtert an u wëssenschaftleche Kongresser deelgeholl huet, an am Austausch mam Guy Wagner, Paul Ulveling a Pierre Cao stoung.
Auteur fir den Oxford Dictionary of Music
Zousätzlech zu den Artikelen an der nationaler Press huet de Loll Weber och verschidde Portraite vu Lëtzebuerger Komponisten am Oxford Dictionary of Music publizéiert, an domat kritt Lëtzebuerg och eng international Opmierksamkeet. De Loll Weber war och um Radio präsent. Ënnert anerem huet hien d’Emissioun “Classico” fir de Radio Classique Bergem produzéiert, eng Sendung, déi och um radio 100,7 diffuséiert gouf.
Zum 10. Doudesdag vum Henri Pensis, dem Matgrënner a laangjäregen Dirigent vum fréieren RTL-Orchester, ass de Loll Weber gefrot ginn, en Artikel iwwert hien ze schreiwen, an doraus sinn zwee Bicher iwwer de fréieren RTL-Orchester entstanen, an ee Buch iwwer den Henri Pensis, e Personnage, deen de Loll Weber ganz besonnesch faszinéiert huet.