"Lucilin 2.0" - dovunner schwätzen de Guy Frisch, Musikaleschen Direkter a Perkussionist vun United Instruments of Lucilin, an de Gerd Van Looy, neien Head of Artistic Development. De Gerd Van Looy huet bei Lucilin ugefaangen nodeems d'Florence Martin, fréier Co-Directrice vum Ensembel, hire Poste no ronn 17 Joer verlooss huet.
D'Saison 2024/25 vum Ensembel fir nei Musek gouf elo offiziell virgestallt, an um Programm stinn eng Rei spannend Projeten. Dorënner sinn eng Europa-Tournée, eng Concertsrees a Korea an déi zweet Editioun vum Festival "33,7" bei deem 25 Stonne Musek gespillt gëtt.
Wat de Public nach alles erwaart, dat hunn de Guy Frisch an de Gerd Van Looy dem Marie Schockmel verroden.
De ganzen Interview mam Gerd Van Looy:
De ganzen Interview mam Guy Frisch: