Am Kader vu sengem Concertszyklus "Lucilin in the City" invitéiert den Ensembel United Instruments Of Lucilin op en aussergewéinleche Concert, ganz intim an hirem Proufsall an der Rue de la fonderie an der Stat. Nächsten Donneschden, den 8. Februar spillen si ënner dem Motto « Sounds In Space ». Gespillt ginn zäitgenësseg Wierker, ënner anerem mat Musek vum Christian Lauba, vum Stefan Prins a vun der lëtzebuergescher Komponistin mat bulgaresche Wuerzelen Albena Petrovic-Vratchanska. Den Olivier Sliepen, Saxophonist a Curateur vum Concert huet mam Marie Trussart doriwwer geschwat, wat de Public den Owend erwart. An hien huet him ënner anerem och verroden, firwat den Tountechniker Cedric Fischer genee wéi de Perkussionist Guy Frisch beim Stéck "Inhibition Space" eng grouss Roll spillt. Tickete kann een iwwregens online reservéieren, dëse Concert ass iwwregens gratis.