Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Malaysia start nei Sichaktioun nom Fluch MH370

Verschwonnene Fliger

Malaysia start nei Sichaktioun nom Fluch MH370

10 Joer nodeems de Vol MH370 spuerlos verschwonnen ass huet déi malaysesch Regierung elo eng nei Sichaktiounen ugekënnegt. D‘Boeing 777 vu Malaysia Airlines war den 8. Mäerz 2014 um Vol vu Kuala Lumpur op Peking vun de Radare verschwonnen. 239 Leit waren u Bord.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Supian Ahmad
Foto: picture alliance / NurPhoto | Supian Ahmad

D‘Maschinn ass ni fonnt ginn, allerdéngs sinn Deeler vum Flillek un déi ostafrikanesch Küst gespullt ginn. Elo soll eng Surface vu 15.000 Quadratkilometer am südlechen Indeschen Ozean duerchsicht ginn.