Ee Mount 24 Stonnen op 7 dem Chopin méi no kommen
De Frédéric Chopin hat am Ganzen 21 Nocturne komponéiert, an déi bilden ee vun de bekanntste Wierker fir Piano-Solo. Déi belsch Pianistin Marie François huet déi net nëmmen dofir op dësem Album opgeholl, mee zemools well si e ganz grousse Fan vum Chopin ass. Viru ronn 2 Joer hat si dann d’Iddi, fir ee Mount op Warschau ze plënneren an do all Dag eng nei Nocturne vum polnesche Komponist aus dem 19. Joerhonnert ze léieren.
Si wollt e Gefill kréien, am Chopin senger Welt ze sinn, an der Stad wou hien opgewuess ass. D’Marie François seet selwer datt si dem Chopin seng Musek op eng déif Aart a Weis verstoe wéilt, an dem Chopin esou mi no géif kommen. Aus där Iddi ass dann tatsächlech och Realitéit ginn. D’Marie François ass op Warschau geplënnert fir ee Mount an huet bei enger Gaaschtfamill gewunnt. All Moien huet si d’Noutebuch vun enger anerer Nocturne opgemaach a sech quasi 24 Stonnen nëmmen domat beschäftegt.
Mam Chopin op e Nuetsspadséiergang
Obwuel ee bei klassescher Musek beim Wuert "Nocturne" séier un de Chopin denkt, war et net hien deen dat Wuert an d'Liewe geruff huet. Et war den iresche Komponist John Field, deen d’Nocturne an d’Liewe geruff huet. An zwar ass et ee kuerzt a lyrescht Stéck wat d’Atmosphär vun der Nuecht weidergi soll.
Den Album kléngt och, wéi wann owes bei stäreklorem Himmel alles bewonnere kann u Stären an dem Mound. Et ass eng immens meditativ an och melancholesch Musek, an awer och mat villen Iddien a Gedanken. D’Gedanke vum Chopin selwer an awer och déi vun der Pianistin hei. Den Album ass am Fong ee Spadséierwee, deen d’Marie François eemol owes mam Chopin gemaach huet, fir de Stärenhimmel ze bewonneren. Natierlech net am richtege Liewen, mee esou klengt dësen Album.
Communautéit ass essenziell an ëmmer mat dobäi
D'Pianistin huet dem Chopin seng Nocturnen net nëmme fir dësen Album opgeholl, mee si spillt déi och op ville Concerten international. Si ass bis elo ënnert anerem zu London, Paräis a Warschau domat opgetrueden. D'Marie François mécht awer och eppes wat definitiv net all Museker aus der klassescher Musekswelt hautdesdaags mécht. Si huet nämlech zanter dem Ufank vun hirer Rees mat de Nocturnen all eenzelne Moment an all Etapp op hire soziale Medie gedeelt. Dat, fir all hir Gedanken an déi ganz Nocturne-Experienz och un de Public weider ze ginn.
Fir si sinn dem Chopin seng Nocturnen eppes fir d’Mënschen ze verbannen, fir se zesummen ze kréien. Kuerz gesot: hir Communautéit läit der Marie François um Häerzen. Si wëll mat dësem Album net nëmmen dem Chopin mi no wollt kommen, mee och hirem Public. Also di deelt suguer zum Beispill och kleng Videoen op de soziale Medien, matten an der Nuecht, wärend si nach um Piano prouft. D’Marie François eng ganz buedemstänneg Concertspianistin. Si weist net nëmme Videoen oder Fotoe vun de grousse Concerten an de Succèse, mee eben och vun de Momenter an deene si laang prouft an och manner positiv Momenter.