Olivier Sliepen

"Mam John Cage eng Champignonszopp kachen"

Den Ensembel fir nei Musek "United Instruments of Lucilin" organiséiert am Kader vu senger Residence an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen ee Concertsdag ronderëm de Motto "Musique + Equilibre". De Saxophonist Olivier Sliepen verréit méi.

auto_stories

1 min

headphones

8 min

Olivier Sliepen | © Alfonso Salgueiro play_arrow
Olivier Sliepen (Foto: Alfonso Salgueiro)

D'Museker:inne vum Lëtzebuerger Ensembel fir nei Musek "United Instruments of Lucilin" maachen aktuell eng Residence an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen. Den 29. Juni proposéiere si e Concertsdag ganz ronderëm dem Motto "Musique + Equilibre". Um Programm steet nei Musek vu ville verschiddene Komponisten. Am Mëttelpunkt steet den John Cage, ee vun de berüümtste Komponisten aus dem 20. Joerhonnert. Den Olivier Sliepen ass Saxophonist bei Lucilin an ee grousse Fan vum Cage a senger Musek. Wann hien d'Chance gehat hätt, den Amerikaner kennen ze léieren, da wier hie gär zesummen an de Bësch spadséiere gaange, Champignone sammelen an dono zesummen eng Champignonszopp kachen. Dat a villes méi verréit de Saxophonist am Gespréich mam Marie Schockmel.

Lauschterenplay_arrow