Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Gioachino Rossini (arr. Robert-Nicolas-Charles Bochsa) - Ouverture aus "Il Barbiere Di Siviglia" - Duo Praxedis

play_arrow Live
opus

/ Happy Birthday Gustav Holst!

Aus dem Archiv

Happy Birthday Gustav Holst!

Haut (21.09.2024) wier de Gustav Holst 150 Joer al ginn. Niewent senger Musek, déi reegelméisseg an de grousse Concertshaiser um Programm steet, an enger Statu a senger Heemechtsstad, erënnert haut och e Wanderwee un de Komponist. Am Kader vun der Emissioun "Komponist vum Mount" huet de Luc Boentges 2018 dëse Wee an déi verschidde Statioune beliicht.

auto_stories

1 min

headphones

8 min

play_arrow
Gustav Holst (Foto: Wikimedia commons)

1874 gëtt de Gustav Holst zu Cheltenham gebuer. Och wann hie spéider mat sengem Wierk "D'Planéiten" weltbekannt gëtt a vill zu London ënnerwee ass, zitt et hien ëmmer nees zeréck an d'Ëmgéigend vu senger Heemechtsstad. Deementspriechend vill Plaze ginn et, déi am Gustav Holst sengem Liewen eng Roll spillen. 2014 huet den "Holst Birthplace Museum" dës Plaze mat engem Wanderwee verbonnen an e passende Guide erausbruecht.

De Luc Boentges invitéiert op eng Gedanke-Reess iwwer den Holst-Way.

Lauschterenplay_arrow