1874 gëtt de Gustav Holst zu Cheltenham gebuer. Och wann hie spéider mat sengem Wierk "D'Planéiten" weltbekannt gëtt a vill zu London ënnerwee ass, zitt et hien ëmmer nees zeréck an d'Ëmgéigend vu senger Heemechtsstad. Deementspriechend vill Plaze ginn et, déi am Gustav Holst sengem Liewen eng Roll spillen. 2014 huet den "Holst Birthplace Museum" dës Plaze mat engem Wanderwee verbonnen an e passende Guide erausbruecht.
De Luc Boentges invitéiert op eng Gedanke-Reess iwwer den Holst-Way.