KLASSIK AKTUELL

Mam "Mount Everest" op éischt Tournée

Den Orchestre Place de l'Europe gëtt säin éischte Concert ausserhalb vu Lëtzebuerg am Konzerthaus Berlin mat der 5. Sinfonie vum Schostakowitsch.

auto_stories

3 min

Orchestre Place de l'Europe mam Publikumsorchester am Konzerthaus Berlin | © Christophe Mirkes
Orchestre Place de l'Europe mam Publikumsorchester am Konzerthaus Berlin (Foto: Christophe Mirkes)

D’Philharmonie huet zënter 2022 en eegenen Amateursorchester. Deen nennt sech Orchestre Place de l’Europe. Den Amateursorchester vum Konzerhaus Berlin nennt sech Publikumsorchester. Wat déi zwee Orchestere matenee verbënnt, sinn hir Dirigenten. De Benjamin Schäfer vum Lëtzebuerger Orchester an den Dirk Wucherpfennig vum däitschen Orchester sinn nämlech allen 2 Perkussionisten a kennen sech vun hirer gemeinsamer Zäit beim Festival Orchester zu Luzern. Doduerch koum d’Idee op, fir en Austausch mat béiden Orchesteren ze maachen. E Projet, bei deem ronn 120 Instrumentalisten op der Bün stinn.
Virleschte Sonndeg koumen déi däitsch Musekerinnen a Museker op Lëtzebuerg an d’Philharmonie. Gëschter Owend war dann de leschte Concert vun dësem Austausch, an zwar am Konzerthaus Berlin, wat den éischte Concert am Ausland erméiglecht huet fir den Orchestre Place de l’Europe. De Christophe Mirkes huet d’Museker vu Lëtzebuerg am Konzerthaus bei der Generalprouf besicht.

Lauschterenplay_arrow



De Perkussionist Jeff Schiltz an d'Klarinettistin Veronique Bernar verroden hir Erfarungen op der éischter Tournée mam Orchestre Place de l'Europe, kuerz virun der Generalprouf.

Interview mam Perkussionist Jeff Schiltzplay_arrow

Interview mat der Klarinettistin Veronique Bernarplay_arrow