Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Einojuhani Rautavaara - Incantations, III. Animato - Christoph Sietzen (Perk.), Romanian National Symphony Orchestra, Cristian Mandeal (Dir.)

play_arrow Live
search

/ “Man kuckt auf Mount Everest und steht bewundernd davor.”

Klassik Aktuell

“Man kuckt auf Mount Everest und steht bewundernd davor.”

De Christian von Blohn spillt dem Anton Bruckner seng 7. Sinfonie op der Uergel, am Kader vum Bruckner Festival zu Diddeleng

auto_stories

1 min

headphones

9 min

© Morgane Weidig play_arrow
Christian von Blohn

Viru genee 200 Joer ass den Anton Bruckner op d'Welt komm. Fir dee Jubiläum ze feieren, organiséieren d’Diddelenger Uergelfrënn de Bruckner Festival, bei deem all d’Brucknersinfonië an der Mäerteskierch zu Diddeleng opgefouert ginn.

Den 19.Oktober steet dem Bruckner seng 7.Sinfonie um Programm, gespillt vum Christian von Blohn. Hien ass de Konzertorganist a Kierchemuseker an de Kierchen St. Hildegard a St. Josef zu St. Ingbert am Saarland. Do ënnerriicht hien och Uergel a Chouerleedung.

Als Organist ass hien och schonns duerch ganz Europa getourt an huet ënner anerem d’Integral vun den Uergelsonaten vum Josef Rheinberger opgeholl, esou wéi Sinfonie vum Charles Marie Widor oder och vum Johann Sebastian Bach a Louis Vierne. D’Marie Schockmel huet mam Organist ënner anerem iwwer dem Bruckner seng 7. Sinfonie geschwat a wéi hien kierperlech a mental op esou ee grousst Wierk virbereet.

Lauschterenplay_arrow