Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ De Marc Schiltz gëtt Chef de Service vun der Cellule scientifique an der Chamber

Wëssenschaftleche Service

De Marc Schiltz gëtt Chef de Service vun der Cellule scientifique an der Chamber

De Chamberbureau huet dem Marc Schiltz seng Kandidatur gëschter zréckbehal. Enn Dezember zejoert war bekannt ginn, dass de Marc Schiltz den FNR, deen hie virdrun 13 Joer laang geleet hat, géif verloossen.

auto_stories

1 min

Marc Schiltz | © FNR
Foto: FNR

Déi wëssenschaftlech Cellule vun der Chamber ass eng multi-disziplinär Équipe vun haut 8 Leit, déi parlamentaresch Aarbecht – op Ufro vun Deputéierten - mat Fakte-baséierte Recherchen zu aktuellen Themen ënnerstëtzt. Sou goufen an der Vergaangenheet zum Beispill Notten zum Heescheverbuet, zu der Impfflicht oder der Uklo vu Ministeren ausgeschafft.