Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Georg Friedrich Händel - Sonat fir Gei a Basso Continuo Nr.12 a Fa Majeur, HWV 370, II. Allegro - Jehanne Strepenne (Gei), Rosch Mirkes (Uergel)

play_arrow Live
search

/ Musikalesch Märchebiller

Klassik Aktuell

Musikalesch Märchebiller

'... eigentlech wann ee Musek mécht, erzielt een ëmmer eng Geschicht...' Déi musikalesch Märchebiller kann een den 10. Oktober am Stater Conservatoire erliewen.

auto_stories

1 min

headphones

4 min

play_arrow

'Et geet em Fantasie'

D'Romantik war d'Zäit vun de fantastesche Geschichten. E gutt Beispill dofir ass d'Thema vun der Sonat fir Flütt a Piano vum Carl Reinecke, déi mam Numm 'Undine' betitelt ass. D'Undine ass eng Nix, déi sech an e Ritter verléift an eng mënschlech Séil kritt, déi se awer nees verléiert. Et geet also em 'Fantasie, Märchenbilder a Feen', déi de Publikum duerch den Owend begleeden.

D'Braatsch als Ausgangspunkt

An engem Concertsprogramm mat Flütt, Braatsch a Piano, héiert een zimmlech sécher Arrangementer vu Wierker, déi ursprénglech fir eng aner Besetzung geschriwwe goufen. De Carlo Jans wollt d'Flütt mat der Braatsch kombinéieren an awer och dem Robert Schumann seng 'Märchenerzähnlungen' opféieren. Déi sinn awer fir Braatsch, Piano a Klarinett. Dofir huet hien d'Klarinettestëmm aus dem Schumann sengem Wierk an och aus dem Max Bruch sengen 'Stücke für Bratsche, Klarinette und Klavier' fir Flütt adaptéiert.

Lauschterenplay_arrow