Radioen

On air

Notturno  |  Leo Blech - Symhonesch Dichtung, Op. 6, die Nonne - Sinfonieorchester Aachen, Christopher Ward (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Mario Draghi: EU muss massiv investéieren

RAPPORT IWWER EU-WIRTSCHAFT

Mario Draghi: EU muss massiv investéieren

Geschitt näischt, kéint déi europäesch Wirtschaft lues a qualvoll stierwen, sou d’Conclusioun vum Mario Draghi a sengem Rapport iwwert d’Kompetitivitéit vun der EU. De fréieren italieenesche Premier mécht Proposen, wéi d’EU am Wettkampf mat China an den USA eng Schëpp bäileeë kann.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Mario Draghi | © picture alliance / Wiktor Dabkowski play_arrow
Foto: picture alliance / Wiktor Dabkowski

Den ekonomesche Wuesstem ass existenziell fir d’EU. En ass direkt un hir fundamental Valeuren ewéi de Wuelstand, d’Egalitéit de Fridden an d’Demokratie gebonnen, sou de Constat vum fréieren italieenesche Premier.

EU brauch massiv Investitiounen

Dowéinst geet et an den Ae vum Mario Draghi ëm net méi an net manner ewéi d’Iwwerliewe vun der EU - an hirer Wirtschaft.

Déi wiisst däitlech manner an ass och manner produktiv, sou de Mario Draghi, deen tëscht 2011 an 2019 Chef vun der Europäescher Zentralbank war.

"Op där anerer Säit sinn eis Besoine méi grouss ginn: Ambitiéis Ziler fir d’Dekarboniséierung, d’Digitalisatioun, eng méi staark Verdeedegung an eise soziale Modell ze erhalen. Dowéinst gi massiv Investitioune gebraucht."

A sengem Rapport proposéiert de Mario Draghi op ronn 400 Säiten eng 170 dringend a konkret Mesuren.

Haaptprioritéit: Innovatioun

Als Haaptprioritéit misst déi europäesch Wirtschaft méi innovativ a manner ofhängeg vu bausse ginn, heescht et am Text.

Déi Iddie sollen déi nei EU-Kommissären direkt mat op de Wee kréien, versprécht d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen.

Finanzement: Diskussiounen an der EU virprogramméiert

Ganz grouss Fro, déi sech opdrängt: Wéi soll dat finanzéiert ginn, an enger Zäit, an där sech d’Länner dogéint stäipen, den EU-Budget ze erhéijen oder awer zesumme Scholden ze maachen.  

Op eng Äntwert dorop wollt sech haut kee vun deenen zwee festleeën. Fir d'éischt missten déi gemeinsam Prioritéite festgeluecht ginn, an da misst de Finanzement fir déi Projeten definéiert ginn, sou déi d’Ursula von der Leyen. Wuel wëssend, datt hiert Heemechtsland Däitschland besonnesch retizent ass, wann et drëms geet, datt een den EU- Budget duerch eng gemeinsam Schold erhéije wielt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Wirtschaft