Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Joly Braga Santos - Pastoral - Royal Liverpool Philarmonic Orchestra, Álvaro Cassuto (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Neien Album mat ungarescher Musek fir Flütt

Lokal Produktioun

Neien Album mat ungarescher Musek fir Flütt

De Markus Brönnimann ass schonn zanter 26 Joer Soloflüttist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker, an elo huet hien e neien Album mat 8 weidere Museker:innen aus Lëtzebuerg an aus der Géigend opgeholl.  

auto_stories

1 min

headphones

13 min

Markus Brönnimann | © radio 100,7 play_arrow
Markus Brönnimann (Foto: radio 100,7)

An der Welt vun der klassescher Musekswelt ginn dacks Alben opgeholl mat Musek vu Komponisten déi net méi liewen. Bescht Beispiller sinn de Mozart oder de Bach. Op dem Markus Brönnimann sengem neien Album ass Musek ze héiere vun engem Komponist, deen aktuell 99 Joer huet an ëmmer nach weider Musek schreift. Et ass de György Kurtág aus Ungarn. 

De Markus Brönnimann, deen ënnert anerem zanter 26 Joer Soloflüttist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker ass, spillt net eleng op dëser Produktioun, mee mat dobäi si weider 8 Museker:innen vu Lëtzebuerg an aus der Géigend.  

De Sonnden 30. Mäerz ass de Release Concert vum Album am CAPE zu Ettelbréck. Do trëtt de Markus Brönnimann mat der Kammerata Luxembourg op, an um Programm steet nieft der Albummusek ënnert anerem och nach eng eege Kompositioun vum Flüttist. 

Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Markus Brönnimann ënnert anerem datt hien och scho mam ungaresche Komponist a Kontakt war. 

Lauschterenplay_arrow