Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Franz Schubert - Sinfonie Nr.5 a Si bémol Majeur, D. 485, I. Allegro - Concentus Musicus Wien, Stefan Gottfried (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

digital-library

digital-library

/ Martha! E Concert mat groussen Nimm

Concert

Martha! E Concert mat groussen Nimm

Déi grouss Pianoslegend Martha Argerich spillt dem Beethoven säin éischte Piano Concerto.

auto_stories

2 min

headphones

122 min

© Adriano Heitman play_arrow
Martha Argerich ©Adriano Heitman

De 16. Oktober 2024 waren an der Victoria Hall zu Genève ënner anerem grouss Wierker vum Beethoven ze héieren.

No enger Aleedung duerch dem Maurice Ravel säi Stéck „Le Tombeau de Couperin“, presentéiert vum „Orchestre de la Suisse Romande“, ass déi bekannte Pianistin Martha Argerich dozougestouss fir dem Beethoven säin éischte Pianosconcerto zum Beschten ze ginn.

Dono huet den Orchester ënnert der Leedung vum Dirigent Jonathan Nott dem Beethoven seng 8. Sinfonie presentéiert, déi vun him selwer gären als „die Kleine F-Dur“ bezeechent gouf.

Wouhier dësen Numm kënnt verréit iech de Jeremy Ney, deen duerch dëse Programm féiert.

Dëse Concert kënnt dir bis de 17. Dezember 2024 zu all Moment an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

Maurice Ravel (1875-1937): Le Tombeau de Couperin

Ludwig van Beethoven (1770-1827): Piano Concerto Nr. 1 an Do Majeur, op. 15

Robert Schumann (1810-1856): Traumes Wirren, aus: „Fantasiestücke“, op. 12 (Encore)

Ludwig van Beethoven: Sinfonie Nr. 8 a Fa Majeur, op. 93

Interpreten:

Martha Argerich, Piano

Orchestre de la Suisse Romande

Jonathan Nott, Direktioun