Marie, wat bedeit Resonanzen fir dech?
Fir mech ass Resonanzen net nëmme Radio, mee et passt och zu menger Liewensphilosophie: ëmmer dat Bescht aus Allem maachen an de Moment genéissen. Déi eng Stonn Resonanzen bedeit fir mech einfach puer Liewensenergie - mäi Liblingswuert ass jo “Power”.
Du brenns wierklech fir déi klassesch Musek. Danzen an haart Matsangen ass bei dir am Studio net ongewéinlech.
Genee. Dat muss einfach sinn. Fir mech ass klassesch Musek definitiv näischt fir roueg sëtzen ze bleiwen an ze lauschteren. Et ass Musek, déi mech einfach ëmmer erëm matrappt. Egal ob et méi roueg oder méi rockeg Melodië sinn - fir mech ass klassesch Musek einfach voller Liewen!
Interviewen, Reportagen an Informatiounen iwwer d’Aktualitéit aus der klassescher Musek sti weiderhin am Fokus: Wat ass nei?
All méindes hu mir de Klassik-Album vun der Woch fir Iech. Esou fänkt all nei Woch also direkt mat neier Musek an neier Energie un. Dem Remy Franck seng Kollektioun un Albume gëtt jo vun Dag zu Dag méi grouss - an domat ass seng Selektioun aus den neie Releasen all Freideg fir eis ee groussen Highlight.
An dann hu mir direkt zwou nei Serien: “Musikalische Hintertreppe” an “Sequenza: Black Classical Music”. Ech si jo ee grousse Fan vu Fun Facts oder Random Facts, an dofir freeën ech mech op dem Joachim Fontaine seng nei Serie, bei där mir zesumme verstoppte Säite vu Komponistinnen a Komponisten entdecke wäerten. Do gesi mir dann, datt esouguer grouss Komponistinnen a Komponisten och nëmme Mënsche sinn. A wie mech kennt, weess datt mir d’Verständnis tëschent de Mënschen an d’Fairness um Häerze läit. Dofir freeën ech mech immens op dem Maria Gutierrez seng nei Serie iwwer d’Black Classical Music. Hei geet et fir mech net nëmmen ëm Musek, mee ëm villes, wat d’Liewe soss mat sech brénge kann.
Op wat frees du dech am meeschten an dëser neier Saison?
Definitiv op d’Live-Iwwerdrounge vu Concerten. Déi sinn net all Dag, mee ëmmer wann et esouwäit ass, ass mäin Adrenalin op 100, an déi puer Stonne live eis Nolauschterinnen a Nolauschterer mat duerch Concerten ze huelen, dat ass ee Gefill, dat fir mech net ze ersetzen ass.