Nodeems d'Lëtzebuerger Philharmoniker e Mëttwoch mat hirem traditionellen Neijoerschconcert an d'neit Joer gestart sinn, presentéieren elo weider Concertshaiser hiren Neijoersoptakt.
Esou zum Beispill dëse Freideg den Owend ab 20 Auer am CAPE zu Ettelbréck.
Hei spillt d'Junge Deutsche Philharmonie mat engem Programm mat Musek aus der Modern. Deels jazzeg, deels och mat Broadway Elementer mat Komponiste wéi George Gershwin oder Leonard Bernstein.
Begleet ginn si vun engem Saxofon-Quartett aus Barcelona mam Numm Kebyart.
Am Gespréich schwätzt d'Dirigentin Delyana Lazarova iwwert de Programm vum Concert.
Alleguer d'Informatiounen zum Event fannt dir hei.
An och am Mierscher Kulturhaus gëtt et ee weideren Neijoerschconcert. Dat dëse Sonndeg um 17 Auer.
Hei trëtt eng Grupp aus Wien op - d'Philharmonia Schrammeln Wien. Een Ensembel, deen et well zanter de 1970er Jore gëtt an aus Musekerinnen a Museker vun de Wiener Philharmoniker besteet.
Musikalesch gëtt et dann och passend zum Numm vum Ensembel, Schrammelmusek. Eng traditionell Museksrichtung, gespillt mat Harmonika.
Gesanglech gëtt dës Formatioun um Concert vum Bariton Günter Haumer begleet.
De Museker huet am Gespréich iwwert dëse Concert mat Wiener Traditiounsmusek geschwat an erkläert och, wat et mat der "Wiener Schrammel" op sech huet.
Alleguer d'Informatiounen zum Event fannt dir hei.