"Musek nei iwwerleeën"
Et geet Lucilin drëms nei Horizonter ze entdecken. Den Ensembel rifft meeschtens Projeten an d’Liewen, un deene vill Leit bedeelegt sinn, an déi sech domat géigesäiteg zum Iwwerleeën ureegen. Gläichzäiteg ass zäitgenëssesch Musek dacks mat experimentelle Kläng verbonnen. Et geet drëms sech op d’Musek anzeloossen, se op eng aner Manéier kennenzeléieren, an eventuell och Gefalen drun ze fannen. Mat eppes Neiem, hei mat Neier Musek an neien Iwwerleeungen, gëtt et dann och ëmmer erëm nei Hoffnung. Ënner anerem doriwwer an iwwer déi nei Saison schwätzen d’Florence Martin an de Guy Frisch am Interview.