De Maurice Clement ass Titularorganist vun der Uergel an der Philharmonie. Den 22. Abrëll um 19h30 spillt hien e Solo-Concert ënnert dem Titel Le grand orgue de la Philharmonie. Am Gespréich mam Marie Trussart verréit hien ënner anerem firwat déi Uergel aus der Philharmonie esou faszinéierend ass a firwat et fir hien e ganz besonneschen Owend wäert sinn.