De Max Asselborn huet ëmmer dovunner gedreemt, an engem internationale groussen Orchester matzespillen. 2020 ass dëse Wonsch fir den 32-Joer jonke Lëtzebuerger Trompettist an Erfëllung gaangen. Hien ass Member vum Schwedesche Radiosinfonie-Orchester, an eenzege Lëtzebuerger do. Aktuell ass hie mam Orchester op enger grousser Tournée, an de Mëttwoch 13. Mäerz ass de Stopp an der Philharmonie hei zu Lëtzebuerg. Wéi säi Liewen zu Stockholm ausgesäit, a wat hie mécht fir sech wärend laange Concertstournée net ze vill ze stressen, dat a villes méi huet de Max Asselborn dem Marie Schockmel verroden.