Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Ludwig van Beethoven - Concerto fir Gei a Ré Majeur, Op. 61, III. Rondo allegro - Frank Peter Zimmermann (Gei), Staatskapelle Dresden, Bernard Haitink (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Méi Uebst a Geméis aus Lëtzebuerg

Landwirtschaft

Méi Uebst a Geméis aus Lëtzebuerg

D‘Lëtzebuerger Landwirtschaftsministerin Martine Hansen huet Vetrieder vum Uebstbauveräin an der Gäertnerfederatioun begéint. Et wier eng Prioritéit vun der Lëtzebuerger Agrarpolitik fir méi Uebst a Geméis hei am Land unzebauen.

auto_stories

1 min

Foto: Jo Diseviscourt

Dofir misst den Accès fir d‘Bewässerung verbessert ginn a Méiglechkeete geschaf ginn Zären ze bauen, esou de Communiqué vum Landwirtschaftsministère.

D‘Agrarministerin weist sech och bereet, eng zweet Editioun vum "Waasserdësch" zesumme mam Ëmweltministère an den Acteuren ze organiséieren.