Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Camille Saint-Saëns - Danse Macabre, Op.40 - Salut Salon

play_arrow Live
search

/ “Mel Bonis: Entre Soir et Matin”

Klassik Aktuell

“Mel Bonis: Entre Soir et Matin”

D’Lëtzebuerger Geiistin Sandrine Cantoreggi huet zesumme mat dräi weidere Musekerinnen a Museker en Album mat Musek vun der Mel Bonis opgeholl. Mat dobäi ass och eng Weltpremière.

auto_stories

1 min

headphones

8 min

play_arrow

Déi spéitromantesch Paräisser Komponistin Mélanie Bonis huet sech Mel Bonis genannt, fir datt een net wosst, datt si eng Fra ass. Grouss bekannt ass hir Musek net, an dofir huet d’Lëtzebuerger Geiistin Sandrine Cantoreggi elo mat enger Pianistin, engem Cellist an engem Flüttist een Album mat hire Wierker opgeholl. An d’Sandrine Cantoreggi hat déi grouss Éier, d’Urenkelin vun der Mel Bonis kennen ze léieren. Vun hir krut si och d’Manuskript vun enger nach ni gespillter Musek vun der Mel Bonis. Op dësem Album ass d’Weltpremière dovunner drop. D'Marie Schockmel huet sech mat der Sandrine Cantoreggi ënnerhalen.

Lauschterenplay_arrow