Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski (arr. Michail Pletnev) - Nussknacker Suite, Op. 71a, I. March - Giuseppe Albanese

play_arrow Live
opus

/ Erënnerungsconcert vun der Militärmusek

Holocaust Remembrance Day

Erënnerungsconcert vun der Militärmusek

Den 22. Januar organiséiert d’ASBL MemoShoah Luxembourg e Concert am Mierscher Kulturhaus. D'Militärmusek spillt ënner der Baguette vum Jean-Claude Braun.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

Dirigent vun der Militärmusek | © Morgane Weidig play_arrow
Lt. Col. Jean-Claude Braun (Archiv 100,7)

Den Ulass ass de sougenannten Holocaust Remembrance Day. Fir dem 80. Gebuertsdag vun der Befreiung vun Auschwitz zegedenke spillt d’Militärmusek dee Concert ënner dem Jean-Claude Braun. Um Programm stinn ënner anerem Wierker vum E.W. Korngold an John Williams, esou wéi och vun de lëtzebuerger Komponiste Marco Pütz a Georges Sadeler. D'Marie Trussart huet mam Dirigent doriwwer geschwat, firwat et haut nach wichteg ass sech aktiv un den Holocaust ze erënneren a wat d'Roll vun der Militärmusek wärend dem Zweete Weltkrich war.
play_arrow

Lauschterenplay_arrow play_arrow