Den Ulass ass de sougenannten Holocaust Remembrance Day. Fir dem 80. Gebuertsdag vun der Befreiung vun Auschwitz zegedenke spillt d’Militärmusek dee Concert ënner dem Jean-Claude Braun. Um Programm stinn ënner anerem Wierker vum E.W. Korngold an John Williams, esou wéi och vun de lëtzebuerger Komponiste Marco Pütz a Georges Sadeler. D'Marie Trussart huet mam Dirigent doriwwer geschwat, firwat et haut nach wichteg ass sech aktiv un den Holocaust ze erënneren a wat d'Roll vun der Militärmusek wärend dem Zweete Weltkrich war.