No sengem Stéck TRUCMACHIN huet de Nik Bohnenberger eng weider Uropféierung. Déi ass am Kader vum Musiktheater-Festival Davon geht die Welt unter, am Opernhaus vum Staatstheater zu Kassel. Nacht ass eng kollektiv Aarbecht, déi zësummen mat engem Regieteam entstanen ass. De Lëtzebuerger Komponist huet dem Marie Trussart ënner anerem verroden, wéi een d’Konzept vun der Nuecht musekalesch ausdrécke kann, a wat hien nuets am Léifste mécht. Zudeem huet hie säi kompositoresche Prozess beschriwwen an erkläert, wéi dee sech grad verännert.