Hie wéilt net onbedéngt soen, datt hien eppes besser gemaach hätt, wéi d’CDU op nationalem Plang ënner dem Kanzler Friedrich Merz, esou de Ministerpresident aus Rheinland-Pfalz Gordon Schnieder. Et hätt een awer op een Aspekt verzicht, deen an der lescht a ville Walkämpf ze gesinn ass.
"Wir haben erst mal gesagt, wir machen keine persönlichen Auseinandersetzungen. Es ging also nie um Schnieder gegen Schweizer oder umgekehrt, sondern wir haben unsere Themen in den Vordergrund gestellt."
Dobäi wier et virun allem ëm Bildung, Gesondheet, Sécherheet an d’Finanzéierung vun de Gemenge gaangen. An dat wier bei de Leit gutt ukomm, esou den CDU-Politiker.
Bundesregierung kéint sech eng Scheif ofschneiden
Op perséinlech Attacke wärend dem Walkampf ze verzichten, wier eng Saach un där sech anerer och e Beispill kéinten huelen, och d’Chrëschtdemokraten an der Bundesregierung.
"Das, was im Moment die Menschen bedrückt, ist diese wahrgenommene Zankerei in Berlin, dass man nicht einfach nur um Themen streitet und um Themen ringt, was auch zu einer politischen Auseinandersetzung dazugehört, was auch in einer Koalition dazugehört, sondern hier wird der Streit auf offener Bühne ausgetragen. Das wird als Gezanke wahrgenommen, und da verlieren die Menschen ihr Vertrauen in die Politik und dann eben auch in die Regierung."
Datt de Bundeskanzler Friedrich Merz awer elo géif ausgetosch ginn, wéi deelweis spekuléiert gouf, dementéiert de Gordon Schnieder kloer.
Manner Sträit fir besser Wäerter an den Ëmfroen
Wat kloer ass, ass datt d’CDU an de Sondagë verléiert, net souvill wéi d’SPD an awer. Domat leien déi Konservativ och hannert de Rietspopuliste vun der AfD. Fir deen Trend ëmzedréie berifft de Gordon Schnieder sech nees op d’Streidereien.
"Wir müssen die öffentliche Zankerei sein lassen, die Menschen müssen sich wieder darauf verlassen können und das Vertrauen dafür auch zurückgewinnen, dass eine gute Politik für sie gemacht wird."
Um Enn vum Dag ass de Gordon Schnieder Ministerpresident vu Rheinland-Pfalz. An trotzdeem misst hie sech och mol an d’Politik vu Berlin amëschen, well déi och d’Leit a sengem Bundesland treffen.
Grenzkontrolle wäerte wuel net sou séier op en Enn kommen
Säi Bundesland deelt och eng laang Grenz mat Lëtzebuerg. Dee Lien wëll de Gordon Schnieder och verdéiwen. E Besuch beim CSV-Premier Luc Frieden géif scho geplangt ginn, esou nach de Ministerpresident vu Rheinland-Pfalz. Do géif et da wuel virun allem ëm d’Grenzkontrolle goen. Et gesäit awer net dono aus, wéi wann déi zäitno gestoppt ginn.
"Wir haben immer noch irreguläre Migration. Wir werden das genau so lange aufrechterhalten müssen, auch die mobilen Kontrollen, solange das notwendig ist und wir nicht einen klaren, deutlichen Rückgang bei der irregulären Migration in Deutschland insgesamt erleben."