Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Robert Schumann - Sinfonie Nr.3 a Mi bémol Majeur, Op. 97, IV. Feierlich - Cappella Aquileia, Marcus Bosch (Dir.)

play_arrow Live
search

/ "Mir mussen dat hi kréien"

Klassik Aktuell

"Mir mussen dat hi kréien"

D'Star-Organistin Anna Lapwood wëll onbedéngt eng Kéier op der Uergel zu Diddeleng spillen. Hire Wonsch geet haut den Owend (04.06.) an Erfëllung.

auto_stories

1 min

headphones

9 min

Anna Lapwood | © Nick Rutter play_arrow
Anna Lapwood ©Nick Rutter

Eigentlech geet d'Anna Lapwood réischt Enn Juni nees op Tournée. Lo um 4. Juni steet awer nach Diddeleng op hirer Agenda. Si hëllt de Concert vum 30. Abrëll no, deen si aus gesondheetleche Grënn hat missen ofsoën.

Si gëtt mat grousser Virfreed erwaart, de Concert vun haut den Owend ass ausverkaaft. Op TikTok huet si Honnertdausende vu Follower a si spillt reegelméisseg an deene gréisste Concertssäll uechter Europa. Elo steet fir si zu Lëtzebuerg e Concert op der Affiche, op dee si sech ganz besonnesch freet: Haut spillt si nämlech op der Uergel zu Diddeleng an der Kierch. 

Et ass en Instrument, dat si scho méi laang eng Kéier ausprobéiere wollt, wéi si dem Luc Boentges am Interview verréit.

Lauschterenplay_arrow

 

Organiséiert gëtt dëse Concert vum FIMOD, dem Festival international d'orgue de Dudelange. Hei fannt Dir de Progamm.