Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ “Mir sinn immens happy, datt en elo do ass“

Neien Album: Estro Armonico

“Mir sinn immens happy, datt en elo do ass“

Laang huet et gedauert, bis de Projet vun engem neien Album konnt ëmgesat ginn. D‘Pandemie huet den Opnamen nämlech e Stréch duerch d‘Rechnung gemaach. Elo awer ass en do: Deen neien Album vum Orchester Estro Armonico. Et ass e ganz perséinlechen Album, wéi de Guy Goethals - Artisteschen Direkter a Grënner vum Orchester - am Interview verréit.

auto_stories

5 min

headphones

7 min

play_arrow

Wann een esou laang un esou engem Projet geschafft huet, wéi fillt ee sech dann, wann een den Album endlech am Grapp huet?

Fir d'éischt ass een natierlech gespaant, wéi d'Resultat ass, an da geet een dat e puermol duerch. Et lueft ee sech natierlech gäre selwer, dat ass kloer, mee mir si ganz zefridde mam Resultat. An och déi, déi en elo fir d'éischt gelauschtert hunn, si ganz zefridden. Natierlech si mir immens happy, datt en elo endlech do ass.

"Endlech" ass do warscheinlech och dat richtegt Wuert, well et ass e Projet, dee sech well zimmlech laang zitt ...

Jo, en zitt sech immens laang. De Brahms Doppelconcerto fir Gei an Cello, ass am Fong eng Studioopnam, déi mir am Stater Conservatoire gemaach hunn. An duerno war da virgesinn, fir eng Live-Opnam ze maachen. An deen Dag, wou mir dat geplangt haten, war 2020. An zwar deen éischten Dag, wou de Lockdown war. D'Prouwe ware quasi ofgeschloss, just déi Lescht hu mir net méi gemaach, well mir scho gesinn hunn, wouhin et géif goen. An dunn hu mir de Concert op Januar 2021 verluecht, an do wa jo och nach e Lockdown, esou datt en dunn op 2022 verluecht gouf. An do hu mir en dunn endlech kënne maachen.

Guy Goethals | © radio 100,7
Guy Goethals (Foto: radio 100,7)

Um Programm steet ënner anerem de Concerto fir Saxofon vum Alexander Glasunov. Dëst Wierk huet och e bësse méi eng besonnesch Bedeutung, Dir kuckt nämlech mat där Opnam e bëssen zeréck op Är Karriär als Saxofonist.

Jo, éischtens hat ech dëse Concerto nach weider net gespillt, am Géigesaz zu deenen anere groussen, bei deenen ech d'Chance a mengem Liewen hat, se kënnen opzeféieren. An zweetens wollt ech mat dësem Disk och e bëssen esou e Statement maachen. Ech kréien ëmmer gesot, ech hätt eng speziell Sonoritéit um Saxofon, an ech hunn och - loosse mir et emol esou soen - vill Succès do dermat. An ech wollt dat awer eng Kéier elo emol wierklech festhalen, elo kuerz virun der Pensioun. Dat ass déi Richtung, an déi ech mäi ganzt Liewe laang hi geüübt hunn.

Lauschterenplay_arrow

Den Album "Joyaux du Romantisme" ass an Zesummenaarbecht mam radio 100,7 entstanen. D'Wierker vum Edward Grieg a vum Alexander Glazunov goufen den 23. Januar 2022 am CAPE zu Ettelbréck opgeholl.