Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Nicola Porpora - Dall'amor piu sventurato, aus 'Orfeo' (Oper) - Philippe Jaroussky (Countertenor), Venice Baroque Orchestra, Andrea Marcon (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Musek a Form vun enger Bier

KLASSIK ALBUM VUN DER WOCH

Musek a Form vun enger Bier

De franséische Pianist Alain Planès huet en neien Album opgeholl, deen de villfältege Stil an den Humor vum franséische Komponist Erik Satie perfekt eriwwer bréngt.

auto_stories

3 min

headphones

12 min

play_arrow

2025 ass net nëmmen d'Joer vum Maurice Ravel

2025 gëtt de Maurice Ravel grouss gefeiert, well hie virun 150 Joer op d'Welt komm ass. Ma et ass awer och och e wichtegt Joer bei engem anere bekannte franséische Komponist: dem Erik Satie. Hien ass nämlech virun 100 Joer verstuerwen. Hien huet am 19. Joerhonnert mat senger atmosphärescher an experimenteller Musek vill Leit beweegt. Bekannt war hien net nëmmen als Komponist, mee och als Pianist. Zu Montmartre huet hie vill Concerten a Caféen, Cabareten an Theatere gespillt. 

Miwwelmusek, Bieren a Melodien déi hypnotiséieren

Den Term "Musique d'ameublement" huet den Erik Satie selwer erfonnt. Et ass Musek déi perfekt ass fir am Hannergrond ze lauschteren an einfach nëmmen ze genéissen. De Pianist Alain Planès bréngt et fäerdeg, dem Satie seng Welt hei richteg opbléien ze loossen a léisst d'Nolauschter:innen andauchen an déi ganz magesch a gläichzäiteg mysteriéis Welt. Ee vun de Wierker um Album huet de witzegen Titel "Trois morceaux en forme de poire". Dat huet de Satie geschriwwe wéi hien onzefridde mat senger Musek war. De Claude Debussy huet him do e klengen Tipp ginn: "Schreiwe Musek déi méi Form huet!". Doropshi presentéiert de Satie him säin neit Wierk mam witzegen Titel, an dem Debussy seng Äntwert ass "Firwat dann esou een Titel?". De Satie sot, datt een dann net méi soe kéint, d'Musek hätt keng Form, well et jo kloer do steet, datt et a Form vun enger Bier ass. Moral vun der Geschicht: Den Erik Satie war e Mënsch voller Humor a Kreativitéit.

Vu Claude Debussy bis Pablo Picasso

Den Alain Planès spillt déi 36 Tracks um Album op eng ganz kënschtleresch a kreativ Manéier. Et kritt ee beim Nolauschteren esou vill Biller an de Kapp, bal wéi eng Konschtausstellung. Mat verschiddene Konschtgenren hat de Satie och vill ze dinn. Hien huet och zesumme geschafft mam Pablo Picasso, ënnert anerem fir ee Ballet, bei deem de Satie d'Musek komponéiert huet an de Picasso d'Büneset an d'Kostümer erstallt huet.

Eng Stemm wéi aus den Zäite vun der Edith Piaf

Den Alain Planès huet fir dësen Album och zesumme geschafft mat engem weidere Pianist an engem Sänger, dem Francois Pinel an dem Marc Mauillon. Bei de Wierker bei deenen den zweete Pianist dobäi ass, héiert een direkt nach méi Dynamik an Energie eraus. Kee Wonner, well déi zwee spillen op engem eenzege Piano. Bei de Lidder wou de Sänger Marc Mauillon séngt, ass een direkt wéi verzaubert - Dem franséische Bariton an Tenor seng Stemm huet de Charme vun de franséische Konschtlidder, an ass änlech wéi d'Edith Piaf mat hirem "La vie en rose". 

Iwwert dës Produktioun ënnerhält sech d'Marie Trussart mam Marie Schockmel.

Lauschterenplay_arrow