Muer (13.06.) um 19h30 trëtt d’Sopranistin Naama Liany zesumme mam Ensembel D’Arco am Kammermusekssall vun der Philharmonie op. Den Owend steet ënner dem Motto Bridges2 / Modern Brigdes. Um Programm stinn divers Wierker, déi d’Bréck tëschent der klassescher an der zäitgenëssescher Musek maache wëllen. D’Sopranistin huet mam Marie Trussart iwwer de Programm vum Owend geschwat an ënner anerem verroden, zu wéi engem vun de Musekschafenden déi um Programm stinn, si eng perséinlech Bezéiung huet.