Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Mongolei gëtt opgeruff de Wladimir Putin ze verhaften

Als Member vum IGH

Mongolei gëtt opgeruff de Wladimir Putin ze verhaften

D'Mënscherechtsorganisatioun Human Rights Watch huet d'Mongolei dozou opgeruff, de Kremlchef Wladimir Putin bei senger Visitt ze verhaften.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Johannes Neudecker

Als Member vum Internationale Strofgeriichtshaff géif d'Mongolei hiren internationale Verflichtungen net nokommen, wa si dem Wladimir Putin eng Visitt erlaabt, ouni hie festzehuelen, esou d'Argumentatioun vun der Mënscherechtsorganisatioun.

De russesche President ass gëschter Owend an der Mongolei ukomm, fir sech do mat sengem mongoleschen Homolog ze treffen. Et ass seng éischt Visitt, zanter dem Ugrëffskrich an der Ukrain, an engem Land, dat Member vum Ieweschte Geriicht zu Den Haag ass. Moskau géif awer keng Gefor fir de Wladimir Putin gesinn, wéinst de frëndschaftleche Relatiounen tëschent béide Länner, heescht et vum Kremlspriecher Dmitri Peskow.