Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ Morris Robinson

Sequenza - Black Classical Music

Morris Robinson

Seng Optrëtter an Däitschland hu Schlagzeile gemaach: op der Grenz gëtt hien op Drogen a Waffe kontrolléiert. Zu Hamburg weigert sech en Taxichauffer hien an d'Elbphilharmonie ze féieren, hie wier ze grouss an ze schwéier.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

play_arrow

„Wien huet Angscht virum schwaarze Mann“ – dëse Saz aus dem bekannte Kannerspill kënnt engem direkt an de Kapp, wann een un d'Erfarunge vum amerikanesche Bassbariton Morris Robinson an Däitschland denkt. Hien huet wuel eng beandrockend Statur, ass grouss a mächteg, mee seng häerzlech Laach hëlt engem direkt all Angscht ewech, bis seng wierklech ganz déif Stëmm ee staune léisst. D'Maria Gutierrez erzielt eis méi.

Lauschterenplay_arrow