E grousse Museksfestival an der Muselregioun? Dat ass de Mosel Musikfestival, an dëst Joer geet dee vum Juli bis Oktober. Ronn véier Méint laang ginn et vill verschidde Concerten un der däitscher Grenz an hei am Land ze genéissen. Dorënner si wéi ëmmer vill Open-Air Optrëtter an och a Wäindomainen. Motto vun dëser 39. Editioun: “freiheit ist nur in dem reich der träume ...”. Den Tobias Scharfenberger, Intendant vum Mosel Musikfestival, verréit dem Marie Schockmel méi.
De ganze Festivalsprogramm fannt Dir hei: Programm