Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Louise Farrenc - Trio fir Flütt, Cello a Piano a Mi Min., Op. 45, III. Scherzo. Vivace - Trio - Thomas Albertus Irnberger (Gei), David Geringas (Cello), Barbara Moser (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Mouvement Écologique a PAN Europe warne virun héijer TFA Belaaschtung am Wäin

Éiwegkeetschemikalien

Mouvement Écologique a PAN Europe warne virun héijer TFA Belaaschtung am Wäin

D‘Chemikalie TFA ass mëttlerweil och an héije Konzentratiounen a Wäiner ze fannen. Dat huet eng Analys vu verschiddene Wäiner, dorënner och lëtzebuergescher, vum Pesticide Action Network erginn. Deemno gouf an deene leschte Joren eng grouss Hausse vun där Chemikalie a Wäiner festgestallt.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Trifluoressegsaier, wéi TFA richteg heescht ass a gréissere Quantitéite gesondheetsschiedlech a baut sech net komplett an der Natur of. Den Helmut Burtscher-Schaden, Ëmweltchemiker erkläert, dat de Kontaminatiounsniveau 100 bis 1.000 Mol méi héich ass, wéi d‘Basiswäerter a Reewaasser, Drénkwaasser oder Uewerflächewaasser. Och déi Basiswäerter wiere schonn héich, seet den Helmut Burtscher-Schaden.

"Souguer méi besuergniserreegend, ass den dramateschen an héijen Opschwong bei der TFA-Kontaminatioun, mat dem mir eis elo konfrontéiert gesinn. Dat ass eng ganz verstéierend Entdeckung, déi mer net erwaart hunn."

Déi rasant Croissance vun TFA a Wäiner erkläert sech och doduerch, datt vill mat sougenannte PFAS-Pestizide gesprëtzt gëtt. De Mouvement Écologique ass Member vum PAN Europe Netzwierk. An engem Communiqué, dee sech op d‘Analys vu PAN Europe baséiert, fuerdert de Mouveco, datt d'EU d'Zouloossung fir Pestizide mat TFA zeréckzitt. 

Lauschterenplay_arrow