De facto géifen déi Lëtzebuerger CSV-EU-Deputéiert domadder rietsextrem Parteien a Klimaleugner ënnerstëtzen, esou de Mouvement écologique.
Klimapolitik
Mouvement écologique kritiséiert déi zwee CSV-Europadeputéiert wéinst hirem Vott
Schaarf Kritik kënnt haut um Freideg vum Mouvement écologique um Vott vun den zwee CSV-EU-Deputéierte Martine Kemp an Isabel Wiseler. Déi hätte mat hirem Vott garantéiert, datt ausgerechent rietsextrem Klimaskeptiker de wichtegsten Dossier vum Klimaschutzgesetz u sech gerass hätten.
auto_stories
1 min
(Foto: European Union)