1. Golda Schultz: Mozart, You Drive Me Crazy!
En Album deen de weiblechen Heldinnen aus dem Mozart sengen Opere gewidmet ass, gesonge vun der Sopranistin Golda Schultz ënnert der Begleedung vun der Kammerakademie Potsdam, dirigéiert vum Antonello Manacorda.
2. Marcelle de Manziarly: Chamber Works
Eng Sammlung vu Kammermusek Wierker vun der Komponistin Marcelle de Manziarly, gespillt vun der Cecilia Zilliacus op der Gei, Kati Raitinen um Cello, Bengt Forsberg a Peter Friis Johansson um Piano.
3. Les Musiciens de Saint-Julien: Doux Silence
D‘Julie Roset an d‘Lucile Richardot sange franséisch Barocklidder, begleet vu Les Musiciens de Saint-Julien ënnert der Leedung vum Francois Lazarevitch.