Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ Energie héich zwee um Piano

Klassik Album vun der Woch

Energie héich zwee um Piano

Neien Album “Illusions” vum “AHHA Piano Duo” mat Musek vum Darek Janus

auto_stories

2 min

headphones

6 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

 

“Illusions”

Beim Wuert “Illusions” denkt ee jo éischter un abstrakt Saachen. Beim neien Album vum AHHA Piano Duo kritt dëst Wuert bal eng nei Bedeitung. Hei sinn et d’perséinlech Erënnerungen a Begéinunge mat Mënschen. Kuerz gesot: déi Momenter déi mir ni vergiesse wäerten.

 

Een zu 100 % polneschen Album

D’Musek op dësem Album ass geschriwwe vum Darek Janus. Hien ass e polnesche Komponist a Pianist, deen och zu Course gëtt an der nationaler Akademie fir dramatesch Konscht zu Warschau. Déi zwou Pianistinne vum “AHHA Piano Duo” kommen och aus Polen: d’Aleksandra Hałat an d’Agata Hołdyk. Si spille schonn zesummen zanter Joren, a bréngen et fäerdeg, ze kléngen wéi aus zwou Hänn amplaz vu véier.

 

Eng musikalesch Fusioun

D’Aleksandra Hałat an d’Agata Hołdyk spille schonn zanter Joren zesummen, a bréngen et fäerdeg, ze kléngen wéi aus zwou Hänn am Plaz vu véier. Et ass wéi wann d’Energie an d’Spillfreed vun enger Pianistin duerch déi aner fléisst – eng Fusioun vun Talenter.