No ausluedung zu Gent

Münchener Philharmoniker mam Israeli Lahav Shani op Musekfest Berlin invitéiert

D'Polemik ëm den israeeleschen Dirigent Lahav Shani geet virun: Nodeems um Donneschdeg zu Gent e Concert vun de Münchener Philharmoniker mat hirem Dirigent ofgesot gouf, huet d'Museksfest Berlin decidéiert, den Orchester fir e Concert um Sonndeg zu Berlin ze invitéieren.

auto_stories

1 min

De Lahav Shani bei engem Konzert zu Bukarest 2025 | © EPA/ROBERT GHEMENT
De Lahav Shani bei engem Konzert zu Bukarest 2025 (Foto: EPA/ROBERT GHEMENT)

Domat wéilt een en Zeeche géint Diskriminéierung an de Boykott vu Konscht a Wëssenschaft setzen, heescht et.

Zu Lëtzebuerg hat Collectives4Palestine gëschter Owend e Protest virun der Philharmonie organiséiert. Dat well de 9. November an der Philharmonie e Concert vum Israel Philharmonic Orchestra geplangt ass. De Lahav Shani ass do de musikaleschen Direkter. Collectives4Palestine seet, de Concert géif eng Regierung legitiméieren, déi fir ee Genozid an der Gazasträif verantwortlech wier.

Philharmonie reagéiert

D'Philharmonie huet schrëftlech reagéiert a betount: Si géif weiderhi mat Artisten aus der ganzer Welt zesummeschaffen, et sollt ee keen Opgrond vun der Nationalitéit ausschléissen. An et géif hei em e Concert, ouni politesche Message goen.