Haut um Ouschtersonndeg féiert Iech de Christophe Mirkes duerch d'Neiegkeete vun der Lëtzebuerger Klassik-Szeen. Déi falen dës Woch zimlech international aus: d'Pueri Cantores sinn nämlech grad a Japan ënnerwee, wou si bei der Erëffnung vun der Weltaustellung zu Osaka opgetruede sinn. D'Militärmusek huet Opname gemaach, zesumme mam éisträichesche Komponist a Verleeger Otto M. Schwarz. A lescht Woch war zu Esch den éischte Saxophonsfestival hei am Land.
Nieft all dësen Evenementer, ass en neien Disk vum Lëtzebuerger Komponist Anselme Pau erauskomm. An de Klassik Album vun der Woch passt thematesch wonnerbar op Ouschtersonndeg.
D'Militärmusek mécht nei Opnamen
Enn Mäerz hu sech d'Lëtzebuerger Militärmusek an hiren Dirigent a Lieutenant Col. Jean-Claude Braun zesummefonnt, fir eng Rei Wierker opzehuelen. Ënnerstëtzung krute si dobäi vum éisträichesche Komponist an Dirigent Otto M. Schwarz, wéi och dem Sound-Ingenieur Lex van Diepen.
Iwwer e puer Deeg hu si am Proufsall am Stater Conservatoire hir perséinlech Coup de coeuren opgeholl, déi si deemnächst och op de Streamingdéngschter erausbréngen. De Lex Kauffmann vum opus 100,7 huet dës Produktioun op der Plaz suivéiert.
Esch am Saxo-Sound
D'Luxembourg Saxophone Association huet vum 7. bis 9. Abrëll hiren alleréischte Saxophonsfestival zu Lëtzebuerg fir Klassesch- an Jazzsaxophonist:innen organiséiert. Do huet d’Saxophonsfamill sech am Escher Conservatoire versammelt, fir an deenen ënnerschiddlechsten Atelieren ronderëm dat polyvalent Instrument ze schaffen. Sie waren alleguer komm: vum Sopran iwwert den Alto an den Tenor bis bei de Bariton.
De Guy Engels huet e puer Andréck vun Esch matbruecht.
D'Pueri Cantores a Japan
Déi ronn 45 jonk Sänger vun de Pueri Cantores hunn de Shinkansen geholl fir a knapp zwou Stonne vu Kyoto op Tokio ze kommen. Et ass de séiersten a pénktlechsten Zuch op der Welt. Och soss ass hiren Alldag am asiatesche Land voll mat spannenden Entdeckungen.
Ënner anerem wunne si bei Gaaschtfamillen an typesch japaneschen Haiser an iessen och déi traditionell Platen. Wien u Japan denkt, kann natierlech och net den Téi, spezifesch de Matcha, vergiessen. De Chouer huet eng ganz Stonn laang eng traditionell Téizeremonie materlieft.
Nieft kulinareschen a kulturelle Momenter stinn och eng sëlleg Concerten um Programm. Een Highlight war hiren Optrëtt viru ronn 500 Leit am Lëtzebuerger Pavillon am Kader vun der Weltausstellung zu Osaka.
Zwee vun de Bouwen an den Dirigent Pit Nimax verroden eis méi.
Den neien Album "Hidden Scores" vum Lëtzebuerger Filmkomponist Anselme Pau
Um Piano am Stater Conservatoire huet dem Anselme Pau säi musikalesche Parcours ugefaangen. Zu San Francisco huet hien da Film studéiert, an duerno ass hie quasi aus Zoufall an de Beräich vun der Filmkompositioun gelant. Datt Musek eppes bei anere Leit bewierkt, huet de Lëtzebuerger Komponist schonn am Alter vun 9 Joer gemierkt. Elo huet hien en neien Album erausbruecht, mat 26 Kompositiounen aus verschiddene Filmer. Den Titel “Hidden Scores” passt zu 100 Prozent och op hien, well hien ëmmer hanner der Musek ass.
An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Anselme Pau ënner anerem méi iwwer seng Musek fir Documentairen, Filmer a Reklamme verroden.
Klassik Album vun der Woch: Polyptyque - Een Album passend op Ouschteren
Polyptyque ass ee Begrëff, deen sech op Konschtwierker aus direkt e puer Deeler oder Elementer bezitt. Esou Polyptycha fënnt een dacks an der Kierch oder a soss reliéise Kontexter.
Polyptyque orientéiert sech dann um italieenesche Moler Duccio di Buoninsegna sengem "Maesta". An dat war och d'Ausgangsbasis fir de Schwäizer Komponist Frank Martin, deen a senger 6-deeleger Kompositioun, d'Passioun Christi rëmspigelt.
Um neien Album geet een dann awer och emol fort vum neoklassizistesch-modernen, hin zu barocken Aflëss. Hei falen Nimm wéi Bach, Vivaldi, Antonio Lotti oder Nicolas Chébdeville an d'Aan.
Déi komplett Emissioun kënnt dir hei lauschteren: