Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Musek inspiréiert vum Mier

Concert

Musek inspiréiert vum Mier

De Scottish Chamber Orchestra spillt Mendelssohn, Mozart a Capperauld

auto_stories

1 min

headphones

87 min

© Foto: wikimedia commons play_arrow
Residenz zu Würzburg Foto: Wikimedia commons

De 7. August 1829 huet de Felix Mendelssohn Fingal’s Cave op der Hebriden-Insel Staffa besicht. Dat raut Mier an de Klang vum Wand an der Hiel hunn hien zudéifst markéiert an d'musikalescht Resultat waren seng Hebiden Ouverture a seng 3. Symphonie, déi Schottesch. Si ginn an eisem Concert gespillt vum Scottish Chamber Orchestra ënnert sengem Chef Maxim Emelyanychev. An déi brittesch Geiistin Alina Ibragimova spillt dann och nach de 5. Geieconcerto vum Mozart, an deem de Komponist vun tierkesche Kläng inspiréiert ginn ass.

Dëse Concert gouf de 26.05.2024 an dem Kaisersaal an der Residenz  zu Würzburg opgeholl. Dir kënnt de Concert bis de 26. November 2024 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

Felix Mendelssohn: Die Hebriden, op. 26
Wolfgang Amadeus Mozart: Geieconcerto Nr. 5, KV 219
Felix Mendelssohn: Symphonie Nr. 3, op. 56 (Schottische)
Jay Capperauld: Whisky Mouth

Interpreten:

Alina Ibragimova, Gei
Scottish Chamber Orchestra
Maxim Emelyanychev, Direktioun