Museksunterrecht

“Musek maachen ass op der Streck bliwwen” - Firwat d'Solfège-Reform néideg war

Als geléiert Musekspedagogin géing si soen: “Endlech kënnt eng Reform”, seet d’Micky Thein am 100,7-Interview. Si ass d’Direktesch vun der UGDA-Musekschoul a war Coordinatrice vum Aarbechtsgrupp, deen d'Reform vum Solfège ausgeschafft huet. Firwat dat néideg war, huet si am Interview erkläert.

auto_stories

3 min

headphones

12 min

D'Micky Thein ass d'Directrice vun der UGDA-Musekschoul. | © Jo Diseviscourt play_arrow
D'Micky Thein ass d'Directrice vun der UGDA-Musekschoul. (Foto: Jo Diseviscourt)

Et wäert eng Reform sinn, déi “aschloe” wäert a vill Ännerunge brénge wäert, betount d’Micky Thein.

Solfège ass a bleift eng Traditioun

Mee firwat grad elo? D’Inscriptioune ginn nämlech souguer rop, net erof. Mee et hätt ee gemierkt, esou d’UGDA-Direktesch, datt ee vill Abandonen huet. De Grond fir opzehalen ass dacks de Solfège.

Wat den “neie” Solfège ugeet, wéilt een eng Mëschung sinn aus deem, wat een am Ausland ubitt. Frankräich an d’Belsch bidden nach e ganz traditionelle Solfège un, an Däitschland gëtt et dofir guer kee Solfège méi. An och zu Lëtzebuerg wéilt een en net ganz ofschafen.

Schonn éischter mam Solfège ufänken

Haut mécht ee 4 Joer Formation musicale. Dat geet duer fir en Instrument bis e gewëssenen Niveau ze spillen. Dat ännert mat der Reform net. Fir driwwer eraus muss een haut 1 oder bis zu 3 Joer zousätzlech maachen. An Zukunft just ee Joer.

An Zukunft soll een och scho vum 1. Schouljoer u kënne mam Solfège ufänken. Dann ass een am 5. Schouljoer fäerdeg. Jee méi al d’Schüler:inne ginn, desto manner Zäit hu se nämlech, fir de Solvège ze maachen, esou d’Micky Thein.

Eng méi spilleresch Approche

Virun allem soll awer d’Approche änneren. Dës soll méi spilleresch ginn. Et wier méi einfach, eppes spilleresch ze léieren, betount d’Micky Thein. D’Kanner sollen dofir an den éischte Jore “Musek maachen”, a se réischt dono verstoen.

Hautdesdaags wieren d’Kanner duerch déi fréi Theorie, déi si léieren, immens verkappt.

Konkreet soll an den éischten zwee Joer vill gesong ginn. Dat am Chouer an och deels mat Lidder, déi d’Kanner selwer kënne matbréngen. Réischt am 3. an am 4. Joer géing dann analyséiert ginn, wat iwwerhaapt gesong ginn ass. Vun der Praxis soll et an d’Theorie goen, an net ëmgedréint.

Reform gëtt vu jidderengem gedroen

Mee kann ee Musek léieren ouni Rhythmen a B-Mollen ze kennen? Dat engt géing dat anert net ausschléissen, mengt d’Direktesch vun der UGDA. Et géingen zwar Enseignantë ginn, déi fäerten, datt d’Kanner bemol keng Noute méi kéinte liesen, mee et hätt een einfach festgestallt, datt d’”Musek maachen” op der Streck bliwwen ass.

“D’Kanner soll d’Musek spieren, a se dono réischt benennen.”

Innerhalb vum Aarbechtsgrupp hätt een och séier e gemeinsamen Nenner fonnt. Zwar hätt jidderee Waasser a säi Wäi misse schëdden, mee d’Reform gëtt vu jidderengem – Conservatoire wéi och Museksschoul – gedroen.

D’Reform wäert och op ee Coup agefouert ginn, well eng schrëttweis Aféierung ze laang dauere géing, erkläert d’Micky Thein.

Exigenze ginn erof

Och wäert dat, wat fréier déi “technesch Prüfung” genannt ginn ass, fortfalen. D’Iwwer-Examinatioun géing net d’Realitéit vun engem Museker rëmspigelen, seet d’Micky Thein. Dofir bleift just nach een Exame virun enger Jury. Dat um Enn vum Joer.

D’Exigenze ginn also erofgeschrauft. D’Micky Thein hofft awer, datt um Enn vum ganze Prozess d’Kanner d’Musek “besser spiere” kënnen.

Lauschterenplay_arrow