Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Robert Schumann - Sinfonie Nr.3 a Mi bémol Majeur, Op. 97, IV. Feierlich - Cappella Aquileia, Marcus Bosch (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Musek vum Erwin Schulhoff, Ludwig van Beethoven an Franz Schmidt

Concert Euroradio

Musek vum Erwin Schulhoff, Ludwig van Beethoven an Franz Schmidt

De Manfred Honeck dirigéiert de WDR Symphonieorchester Köln

auto_stories

1 min

WDR Sinfonie Orchester
WDR Sinfonie Orchester

Dës Emissioun huet e ganz variéierte Programm mat Musek vum Erwin Schulhoff, deen 1942 an engem Nazi-KZ ëmkoum, dem Beethoven säi 4. Pianosconcerto mat der russescher Putin- Géignerin Yulianna Avdeeva an der 4. Symphonie vum Franz Schmidt, Requiem für meine Tochter, mam WDR-Symphonieorchester Köln ënnert dem Manfred Honeck.

Programm:


Erwin Schulhoff (arr. Manfred Honeck, Thomas Ille) : 5 Stücke für Streichquartett (Orchesterversioun)
Ludwig van Beethoven: Pianosconcerto Nr. 4, Op. 58
Franz Schubert: Six Moments musicaux, Op. 94, D. 780, Allegro moderato
Franz Schmidt: Symphonie Nr. 4 

 

Interpreten:


Yulianna Avdeeva, Piano
WDR Symphonieorchester Köln
Manfred Honeck, Direktioun

 

Dëse Concert gouf de 16.02.2023 an der Philharmonie zu Köln vum WDR opgeholl an ass nach bis de 05.06.2024 an eiser Mediathéik disponibel.