Däin Häerz schléit fir déi klassesch Musek?
Du wëlls deng Passioun deelen an d’Nolauschterinnen an d’Nolauschterer vum Opus domat begeeschteren? Da bass du bei eis richteg! D’Ekipp vum Opus sicht en neie Member. Bei eis schaffs du am Déngscht vum Service public a bass no um Bols vun der nationaler an internationaler klassescher Musekszeen. Du féiers Interviewe mat Kënschtler:innen, recherchéiers spannend Theemen, gees op Reportage, entwéckels nei Sendungsformater a Podcasten an inspiréiers eise Public – am Studio wéi och bei Live-Moderatiounen.
Wéi stäerks du d’Ekipp vum Opus?
Du bass virwëtzeg, kreativ an hues Loscht, Theeme verständlech, spannend an ouni Angscht virun Emotiounen opzebereeden. Du gesäis d’Zesummenaarbecht mat dengem Team als eng Quell vu Kreativitéit a Qualitéit. Du bréngs dech mat denger Begeeschterung an dengem Fachwëssen an, an du bass bereet spannende Content fir déi verschidde Kanäl vum Opus (Antenn, Websäit, Social Media an App) ze kreéieren. Du hues Loscht Saachen ze hannerfroen, journalistesch ze schaffen an deng Meenung ze soen.
Wourop s du dech verloosse kanns
Eng dynamesch a sympathesch Ekipp, déi hir Leidenschaft a gutt Laun on-air, esou wéi off-air lieft. Du gëss vu Grond op ageféiert a professionell begleet, mat klore Prozesser an engem permanente Austausch. Mir bidden dir en Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) an e Salaire mat attraktive Perspektiven. An et vergeet kaum eng Woch, bei där s du net eppes Neies léiers oder spannend Leit begéins.
An elo?
Hues du nach Froen? Da mell dech! Ass alles kloer? Da schéck eis deng Kandidatur an däin CV bis den 13. Juli op rh@100komma7.lu. Mir freeën eis op dech!