Musica Senza Frontiere

Musek, déi keng Grenze kennt

"Musek ouni Grenzen" versprécht ee musikaleschen Ensembel, dee reegelméisseg op Besuch zu Lëtzebuerg ass.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

Musica Senza Frontiere | © Tanguy Neumann play_arrow
Musica Senza Frontiere (Foto: Tanguy Neumann)

De Marek Dutkiewicz ass Museker an Cellist beim Ensembel Musica Senza Frontiere. Eng Formatioun aus 6-7 Musekerinnen a Museker, déi sech a verschiddene Constellatioune bei Concerten zesummendoen a barock oder klassesch Musek interpretéieren. Ma de Museksgoût ass gären och ee gutt Stéck méi modern.

Wichteg ass dem Ensembel wéi den Numm et scho verréit, keng Grenzen ze berücksichtegen a verschidde Kulturen esou openeen treffen ze loossen.

Wéi eng Projeten de Museker besonnesch um Häerz läit a fir wéi eng Wäerter Musica Senza Frontiere steet, doriwwer schwätzt de Marek Dutkiewicz am Gespréich.

Lauschterenplay_arrow