"Ich rauche nicht, ich trinke sehr wenig" - dat seet den däitsche Pianist Oliver Triendl. Amplaz vun de méi geleefege Suchtmëttelen ass et bei him éischter d'Produktioun vun neien Alben. Mat senge 55 Joer huet hie schonn iwwert 150 Alben erausbruecht, an ass domat definitiv ee vun de produktiivste Museker an der Welt vun der klassescher Musek.
Dëst Joer krut hien de "Special Achievement Award" bei den International Classical Music Awards (ICMA) an der Tonhalle zu Düsseldorf. De Guy Engels war de 19. Mäerz 2025 op der Plaz an huet sech mam Pianist ënnerhalen, ënnert anerem iwwert seng Sucht wéi och iwwert seng Passioun Musek vu manner bekannte Komponist:innen ze spillen an opzehuelen.