Erënnerungen aus der Kandheet – där kann ee vill hunn. A Fotoe vun deemools hunn déi meescht och nach. Dat ass och bei der Albena Petrovic a beim Roby Steinmetzer de Fall. A si zwee hu jeeweils ee Musekswierk doriwwer geschriwwen – dat ganz passend zum Motto “memory” fir de Festival rainy days an der Philharmonie. An dëse Sonndeg ginn des Wierker fir d’alleréischt Kéier vum Ensembel Ars Nova Lux opgefouert, zesumme mat Erzielungen aus der Carla Lucarelli hirer Autobiografie “Enfance, instantanés – à l’aube de la mémoire”. D'Marie Schockmel huet sech mat deenen zwee Lëtzebuerger Komponiste vun der Fédération luxembourgeoise des Auteurs et Compositeurs (FLAC) ënnerhalen.