“Musique curieuse” ass den Titel vum nächste Concert Act’Art, muer Mëttwoch Owes um 7 Auer am Stater Conservatoire. Op der Bün stinn do eng Sopranistin, ee Flüttist, een Hautboisist, een Cellist, ee Perkussionist an eng Harfenistin. Op der Harf spillt d’Dina Nimax, a vun hir kënnt och d’Konzept vum Concertsprogramm. Si huet dem Guy Engels méi verroden.